banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

Ech war den 25/8/2017 an den Awada Sushi Restaurant am Gronn iessen mat mengem Kolleg den Bruno. Eng ganz interessant Erfarung, kulinaresch hätt et kënne besser sinn mee d’Gespréich mam  Chef war desto interessanter an huet Saachen opgedeckt déi ech esou net geduecht hätt.

IMG 0024

 

Omakase

Sie hunn een Plat op der Kaart wou dobäi steet  “selon l’envie du Chef” also : Omakase ! Méin Kolleg den Bruno an ech hunn eben d’Chance Sushi ze lieben an praktesch alles ze iessen an op näischt allergesch ze sinn, vun dohier war Omakase the best choice. Just dass dat anscheinend en Problem fir sie war ! No deem s déi éischt Serveuse geflücht war an hiren Chef kommen gelooss huet, deen en super Typ war, mee irgendwéi net wousst wat en mat onser Omakase Bestellung soll maachen.

Ech froen mech wat do esou schwéier drun soll sinn ? Omakase, den Chef mécht wat en wëll mir soten just dass mir zesummen 60 Piècen wéilten. Präziséiert hate mer och dass mer keen Tamagoyaki wollten, well sie deen fäerdegen aus der Provençale kréien, nee Merci ! Mee gutt, wann een et weess brauch een et jo net ze bestellen !

Den Serveur N°2 war sichtlech aus der Bunn geheit an geet mat onsere Bestellung bei den Sushi Chef : Omakase 60 Piècen.

No 5 Minuten as en erëm do. sichtlech perturbéiert, probéiert en eraus ze fannen wat mer wëllen an deem s en Kaart eraus hëlt an un Hand vun den verschidden Sushi déi opgelescht sinn dann onsen Omakase Menü zesummen ze stellen .

DAT AS NET OMAKASE ! Omakase as en Challenge un den Chef dat ze maachen wat en Loscht huet an senger Meenung no gäil as an NET onbedéngt op der Kaart as.

Mir hunn also praktesch eng Mixture kritt vun Saachen déi à la Carte sinn.

IMG 0030

Wat war dann elo den Problem ?

Interessant war ze gesinn, dass den Sushi Chef net d’Initiativ geholl huet an probéiert huet, aus dem festgefueren Menü-Schema auszebriechen an ons säin Liiblingssushien ze maachen.

Wann s de Leit hues déi Omakase bestellen, kënns de net mat Fusion Sushi, well den schwéiersten Sushi as den Edomae Sushi Style, den traditionellsten Sushi Style mat etlechen Fësch Variatiounen. Wann den Chef dann wierklech eng drop huet, dann kënnt en mat Edomae Sushi, style Yamayu Santatsu.

Mäin éischten Androck war also : FAKE SUSHI RESTAURANT !

an elo gëtt et interessant : zum Schluss kënnt den Sushi Chef selwer bei onsen Dësch. Ech hunn him gesot dass seng Nigiri Technik wierklech gäil wier, an do hunn mer e puer interessant Infos kritt.

Den Chef, schätzen hien esou 40 Joer, kënnt aus Hong Kong an huet do bei engem richtegen japaneschen Sushi Chef geschafft, deen hien selwer als säin Itame bezeechend huet d.h. säin Sushi Master.

Interessant war och, dass hien sech dann gerechtfäerdegt huet fir d’Menüskaart, dass hien net den Choix hat, well säin Patron vun him wollt dass Fusion Sushi mat op der Aart as, well dat Lëtzebuerger dat “brauchen”. Ech ginn him do Rescht. Mir ginn esou verwiert mat Sushi-Fusion-Rock&Roll dass en Restaurant, deen just traditionellen mee Perfektioun Sushi mécht, als “net komplett” an “langweileg” eriwwer kënnt.

IMG 0034

Wat ech denken !

Mir hunn also en Mann, deen zu Hong Kong mat 16 Joer bei engem Sushi Master ënnerkomm war mee dat opginn huet fir op Lëtzebuerg ze kommen, en friemd Land an en Wieder dat net fir jiddwereen as. Denken do un vill Grënn firwat een Mënsch dat decidéiert mee den Fait dass sech Omakase bestallt hunn, an dat net bei him den Challeng Instinkt ausgeléist huet, beweist dass den Mann alles mécht fir den Ball sécher am Spill ze halen, zefridden Clienten ze hunn an säin Job ze behalen. Verständlech !

Mee wou as séng leidenschaft fir Sushi bliwwen ? Wou as säin striewen no Perfektioun ? Alles just Fake ?

Elo kënnt déi zweet Situatioun : mir ginn aus dem Restaurant eraus, an den Chef kënnt nach eng Kéier bei ons an seet ons dass mer déi nächst Kéier, wann mer bestellen, dem Chef solle soen dass mir OMAKASE wëllen iessen. Hien géif dann mueres op der Maart goen an speziellen, extra gudden Fësch organiséieren deen dann just fir onsen Omakase as.

Dat huet mer bewisen dass den Mann eng drop huet an den Challenge wuel verstaan hat den ech him gestallt hat, mee hien konnt dem net gerecht ginn, well hien net déi Wuer do hat déi hien gebraucht huet. Ech denken haut, unhand vun der perketer Nigiri Technik di hien bewisen huet, hunn mer hei en Mann deen eng Mega drop huet an ech gespaant sinn wann ech déi nächste Kéier dohinner ginn, wat hien aus dem Omakase dann mécht wann en déi richteg wuer bei Hand huet.

Affaire à suivre…

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login