banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

sushi train 1

Ech verroden Iech an dësem Artikel firwat ech keen Sushi Train an All-You-Can-Eat Sushi zu engem fixen Präis iessen ginn an ech verroden Iech den Trick vun denen “All-You_Can-Eat” Konzepter an firwat dir do keng Qualitéit un Sushi kritt.

Mir hunn am Moment zu Lëtzebuerg 25 Sushi Trains an 5 Restauranten déi All-You-Can-Eat ubidden. Dat sinn 30% vun allen Restauranten déi Sushi op hirer Kaart ubidden bei ons am Land !
(Den Sushi Train vum Aka as eng Ausnahm, Erklärung kënnt hei ennen drënner)

“Sushi Trains” an “All-You-Can-Eat” sinn Business Modeller déi eppes gemeinsam : een festen Präis fir illimitéiert iessen (oder bal well beim Sushi Lover an der Staat as et awer limitéiert).

sushi train 2Wat d'Leit dobaussen oft vergiessen as, dass en Restaurant en Business as fir eent ze maachen : Fric !

An der Geschäftswelt ginn et 2 Methoden deng Präisser festzeleeë an däin Benefice ze sécheren :
1. "vun ënnen erop" : den Präis vum Plat = (frais de marchandise vum Plat) x 3
2. "Vun uewen erof" : du gees vun engem fixen Montant aus an kucks den Fräien esou kléng ewéi méiglech ze halen esou dass däin Benefice maximal as.

All-You-Can-Eat an Sushi Trains sinn Geschäftsmodeller déi hier Rechnung "vun Uewen erof" maachen.

Oft sinn Präisser bei esou Restaurant déi selwecht an leien em déi 24€ ttc / Persoun ouni Gedrénks.

Ech vereinfachen d'Rechnung Method emol, dann gesitt der besser wéi der bei esou Business Modeller iwwert den Dësch gezunn gitt :

Op déi 24€ hues de :

  • 1/3 Taxen ( TVA, Stroum, Employé etc...)
  • 1/3 Fräis de Marchandise
  • 1/3 Benefice

Fir dass Geschäftsmodell fonctionnéiert d.h rentabel as, däerfs du, deen an den Restaurant iessen kënnt, net méi wéi 8€ iessen. Dat as den Budget un Wuer deen vir dech virgesinn as deen Owend an dat “all-you-can-eat” !

Krass oder ? Mee et gëtt nach besser :

Elo ginn et Tricker déi dir Gefill ginn Sushi giess ze hunn, dass de bal um Platzen bass an den Restaurateur locker ënner 8€ Fräis de marchandise mat dir hat.

Stell der fir, du bass den Restaurateur. Déng Client déi elo eran kommen hunn eppes gemeinsam : Honger !
An wann se Honger hunn, iessen se direkt alles wat hinnen an den Grapp kënnt an zemools vill dovunner.

Dat éischt wat s de elo op säin Sushi Train lees, as Fingerfood z.b mini frittéiert Frühlingsrollen, kleng frittéiert Bulletten...kriss de alles fäerdeg ze kafen brauchs et just an Fritte Fett ze geheien an kaschten den absoluten minimum.

Et as wichteg dass et frittéiert as well dat een vun Facteuren as dat dier den Honger hëlt.

sushi train 3

Dann lees de Nigiri drop : Crevetten, Surimi an Saumon , dat bëllegst wat et gëtt. Wichteg as et hei vill Räis ze benotzen, richteg vill Räis. Och dat as en wichtegen Facteur, well seierzéschen Räis quëllt am Mo op an hëlt natierlech dann den Honger.

Dann lees de maki an california rolls drop, am beschten och hei mat Saumon, Surimi oder vegetaresch (dat as am bëllegsten z.b Avocado an cornichon).
Och hei muss de vill Räis huelen an en plus schaff vill mat Philadelphia well dat hellt och direkt den Honger.

Zum Schluss e bëssi Dessert : Friichten, Meloun oder Tiramisu wat nach e bëssen Gewiicht op däin iessen bréngt an dengem Mo et voilà !

Elo kannt een wichtegen Facteur beim Sushi Train an zwar dass de d’Impressioun hues dass de nie dat alles kanns iessen. Also, muss den Train esou voll ewéi méiglech leien am beschten Telleren op 2 Etagen stapele.

Do kanns de z.b den Ingwer an den Wasabi eenzel op en Teller maachen an mat dréinen loossen. Dat fëllt der den Train.

Wann den sushi, zemools den Räis, kal schmaacht dann kënnt dësen aus dem Frigo. d’Fro as : firwat eppes an den Frigo maachen wanns de supposéiert bass den Sushi frësch ze maachen ?
Idem fir den Räis, wann den Räis haart, dreschen an ouni Goût as, dann huet deen op mannst schonn 1 Service hannert sech.

sushi train 4

Wann der bis hei hinner gelies huet as iech bestëmmt opgefall dass ech net eng Kéier vun Qualitéit geschwat hunn oder gäilen "Holy Shit" Sushi ze maachen.

Dat kriss de net well s den Präis definéiert wéi vill s du den Restaurateur dierfs kaschten.

Mee oppassen, ech hunn an onser Facebook Sushi Grupp "Sushi iessen zu Lëtzebuerg" gelies dass d’Leit dovunner aus ginn dass de schlechte Fësch etc… kriss. Dat as an mengen Aen iwwerdriwwen an net gerechtfäerdegt.

Wann d'Leit mech also froen op ech hinnen en Sushi Train an All-You-Can-Eat kann soen fir gutt Sushi iessen ze goen dann soen ech ëmmer dass dat widder sprechlech as : wëlls de gudde sushi oder all-you-can-eat ?

Den eenzegen Train wou ech elo nach géif testen goen wier den Aka an der Staat well do Telleren eenzel verrechent ginn déi s de hëls. Teller hunn verschidde Faarwen , all Farw huet säin Präis. Esou kann s de Train an Qualitéit verbannen well s du den gerechten Präis fir däin Produit kriss. Mee ech leeën mech elo net ze weit aus der Fënster, war nach nie do, kann also nëmmen Mutmassen an hoffen.

Wat ech der roden : Hal op esou Business Modeller ze ënnerstëtzen an investéiert deng Suen an en richtegen Sushi Chef, deen säin beschten mëscht fir dir den perfekten Sushi ze preparéieren.

Wou ginn et déi Restaurant ? Ech géif der roden, kuck op der App ( gratis fir Iphone an Android ) am Deel “Traditionnel Sushi Restaurant” , do fënns de déi, déi hier Handwierk verstinn, vergiess den Rescht, do gëss de just ugeschass !

P.S. all Restaurant verdingt natierlech massiv um Gedrénks ! 

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login