banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

sola“Wéi fënns du deen Sushi Restaurant ?”

“ooh ça va, mee dat as Affaire de Goût !”

Deen Statement gëtt leider oft ze séier an  vill oft déi liicht Schëller geholl. Et ginn aner Punkten déi méi wichteg sinn an éischter als Argument sollen zielen wéi sech direkt op den “Goût” ze bezéien.

 

Wann een en Voting an onser Grupp ofgëtt, dann ginn et 6 Schwéierpunkten :

  • Location
  • Service
  • Qualitéit
  • Sushi Technik
  • Variatiounen
  • Präis/Leeschtung

Location

sola

Bei der Location as mir perséinlech den Parking zimlech egal, wat ech kucken : mécht den Restaurant just japanesch Kichen, dann well ech japanesch Porzeläin an japanesch Déco gesinn. D’Ambiance soll net den Standard europäeschen Restaurant sinn, nee et soll japanesch sinn !

As dat Affaire de Goût ? Ech erwaarden en Style vun Restaurant, ob dat mir elo gefält, as effektiv Affaire de Goût, mee als éischt muss den Restaurant den japaneschen Style emol iwwerhaapt hunn.

Service

aa1

Wann der beim Yamau Santatsu servéiert gitt, as dat wuel en Europäer, mee si hunn eng japanesch Aart a weis, e puer japanesch Wieder déi agebaut ginn am Gespréich an d’Attitüd as japanesch ugehaucht. Dat gëtt dem ganzen en Charme. As dat Affaire de Goût ? Kulturell Kenntnisser as keng Affaire de Goût mee iert mer vum Charme schwätzen, wat en plus Punkt as, muss den Service als aller éischt professionell sinn.

Qualitéit

sushi

d’Qualitéit vum Sushi stellt sech aus 2 Saachen zesummen :

  • Texture
  • Temparatur

z.b. soll den Räis Température Ambiante hunn, munch mol as en nach liicht waarm, den Fësch soll kal sinn, mee net gefruer oder temperéiert. Den Räis as assaisonnéiert, an soll eng gewëssen Texture hunn. Den Fësch kritt seng Texture duerch d’schneiden (Knife skill)

As dat Affaire de Goût ?  Bis hei hinner net ! Wann ech den techneschen Deel vun der Qualitéit gekuckt hunn, bleift nach just déi perséinlech Note. Wann mer den Räis wootlech net gefält, oder den Räis ze sauer as, as dat effektiv Affaire de Goût. Ansonsten net !

Sushi Technik

jiro making sushi

Sushi Technik as hei fir mech d’Schneid Technik an d’Presentatioun, wat och eng Technik as. As Sushi Technik Affaire de Goût ? nope !

Variatiounen

2

den Chef kann Tamago (japanesch Omelette) oder Unagi servéieren, dat as schonn cool mee et muss een et gären hunn. As alles baséiert op komeschen Saachen dann  as dat effektiv Affaire de Goût.

Präis / Leeschtung

100% Affaire de Goût.

Konklusioun

Wann ech also elo soen : 

“Den Restaurant fannen ech gutt mee dat as Affaire de Goût” dann bezéien ech mech haaptsächlech ob 2 vun 6 Critèren : d’Variatiounen an Präis Leeschtung. 

Mee verstitt mech net falsch, dir all, wou elo hei an der Grupp sidd, oder an mengen Couren waren, dier liest an gesitt elo Saachen ronderëm den Sushi deen esou ni gewosst hätt well et einfach net ons Kultur as. 

Déi Äntwert ob d’Fro : “wat hälls du vun dem Restaurant” gëtt also mat der Zäit ëmmer méi schwéier ze beäntwerten well se net méi just mat engem Saz net ze beäntwerten as. Et as am Fong net “Affaire de Goût” mee “Affaire de Culture en Sushi”. An dat kënnt mat der Zäit, mat liesen, Sushi Couren an vill vill Sushi iessen goen :-) ! 

elo sinn ech gespaant on är Meenung :-)

cheers,

Boris

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login