banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

origami 1Den éischte Mee hate mir an onser Grupp “Sushi iessen zu Lëtzebuerg” eng interessant Diskussioun. Tania war an den Origami op den Belval iessen an war guer net zefridden : falsch Bestellung, monotonen Sushi Train. (hei den ganzen Post zum Origami)

origami 1Den éischte Mee hate mir an onser Grupp “Sushi iessen zu Lëtzebuerg” eng interessant Diskussioun. Tania war an den Origami op den Belval iessen an war guer net zefridden : falsch Bestellung, monotonen Sushi Train. (hei den ganzen Post zum Origami)

Et gouf wéi ëmmer diskutéiert an debattéiert bis den Patron vum Restaurant sech ageschalt huet, an erkläert huet, wéi et dann zu dësem Problem koum as. Säin Post war ganz detailléiert an hien huet genau gewosst, wou den Fehler louch an wat geschitt as an dat mat engem Restaurant deen strubbel voll war.  

Do kënnt elo nach dobäi, dass mer dann gewuer ginn sinn, dass dem Tania seng Frënn d’Gedrénks offréiert kruten als Entschëllegung.

aHa ! an elo ?

D’Stëmmung vun Leit, déi um Tania sengem Post geäntwert hunn, huet ob een mol gedréint. D’Posts vun den Leit sinn “pro”-Origami ginn.

Elo stellt sech d’Fro : Hat Tania dann elo Recht en Post ze maachen an onser Grupp, an ze soen dass et null war am Origami ? Den Restaurant hat sech jo awer entschëllegt ?

Hei meng Meenung dozou : 

Dem Tania säin Owend war einfach fir ze vergiessen. Ech hätt och en negativen Post gemaach, an gesot dass ech onzefridden war mee ech hätt awer och erwähnt, dass mir als Entschëllegung d’Gedrénks offréiert kruten. Dat huet den Owend elo net gerett, mee et as en “pardon” vun der Direktioun.

Ech selwer sinn och Geschäftsmann, an ginn ënner anerem, säit elo 6 Joer extrem vill Sushi Couren. Et as mir och schonn méi wéi eng Kéier fir komm, eng Reservatioun ze vergiessen, well och ech just en Mënsch sinn, an Fehler maachen. Du kanns esou methodesch sinn wéis de wëlls, du méchs Fehler, ob s de elo wëlls oder net.

Wann et dann bis geschitt as, kann ech et net méi änneren, wat ech awer dann oft maachen, ech ginn den Leit hier Suen erëm an ech schenken hinnen den nächsten Cours. Bis elo as et nach net virkomm, dass en Cours selwer elo schlecht war, an d’Leit onzefridden heem gaangen sinn. Ech paken Holz un. Ech géif et hei awer dann d’selwecht maachen. 

Ech hunn fir mech entscheet, den Leit hier Suen dann net ze wëllen. Ech hätt och kënnen soen, komm ech offréieren eng Kippchen, oder dier kritt bei der nächster Kéier 50%. Ech fannen, wann ech Suen kréien fir eppes, dann huelen ech als Geschäftsmann den Challenge un, an kucken, dass du dat fir déng Suen kritt, fir dat s du bezuelt hues. Wann dat net esou as, Challenge verluer, dann kann ech fir mech, d’Suen net unhuelen.

Mir hunn an onser Grupp fill Sushi Restaurant Patron an Employéen déi am Moment just mat liesen, mee net mat diskutéieren. Nach net ! Wann se bis mat diskutéieren, as et just, fir den Image bei den aneren Leit ze behalen. Fir gutt do ze stoen. Trotz denger negativer Meenung. Schiedbegrenzung ! Du selwer, bass den Moment souwisou als “verluerenen”-Client agestuuft. 

Et as wuel wouer, ëmmer déi zwou Säiten ze héieren. Et kann eben och sinn, dass en Client engem Restaurant Schlechtes well, och wann näischt ze beanstanden gouf. Am Post vum Origami sot den Patron nach zum Schluss, dass en awer hofft si nach eng Kéier erëm ze gesinn, an ech denken, dass do den een oder aneren Geste Commerciale dobäi wäert sinn.

Wann mer also an Zukunft, ëmmer méi Patron hunn, déi sech aschalten, as dat eng gutt Saach well sech d’Saachen dann verbesseren. Mee opgepasst, loosst Iech net awéckelen vun gebraddels. Dir sollt eng Entschiedegung kréien fir den verkorksden Owend mee dat dann awer fäirer Weis an ärem Post erwähnen.

Egal wéi huet deen Restaurant dann eng zweet Chance verdéngt ! 

 

Wat mengt dier dozou ? 

Cheers,
Boris

 

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login