banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

sushi bar yasudaOmakase heescht : "An den Hänn vum Chef" oder « selon l’envie du Chef ». En gros, du sees zum Garçon « ech well w.e.g. Omakase bestellen » heescht dat, dass den Chef dir en Plat zesummen stellt den et esou net ob der Kaart gëtt (normalerweis). An genau dat as et, wat déi ganz Saach esou spannend mecht !

Am éischten Moment kléngt dat e bëssen beängschtegend, den Chef maachen loossen an kucken wat dobäi eraus kënnt. Dofir ginn et e puer Reegelen déi s du der solls verhalen wann s de « Omakase » bestells :

  1. du muss dem Garçon soen wat den Chef « net » soll an den Sushi maachen z.b. Surimi oder soss eppes wat s de net kanns ausstoen oder verdreits
  2. du muss den Garçon soen wann s de Intoleranzen hues

 

Dat kléngt jo schonn emol logesch. Mee et feelt nach eppes ob dat s de solls oppassen. « Omakase » heescht jo, dass den Chef dier en Plat mécht esou wéi hien dat gären wëll. Du muss elo onbedéngt, iirt den Serveur fort geet, an déng Bestellung dem Chef gëtt 2 Saachen definéieren.

  1. du sees dem Garçon : w.e.g. 42 pièces Omakase. Dat as dat ewéi ech et bestellen, well een as sécher, den heiten well net hongereg erëm Heem goen. Oppassen, mat engem Maki kriss de 6 pièces, also am beschten ëmmer en multipel vun 6 bestellen.
  2. du sees dem Garçon :w.e.g. Omakase fir 60€. Du limitéiers hei den Budget fir dass de hanno net ob den Réck fäls wann d’Rechnung kënnt.

Sushi Nakazawa

Ech erklären dir elo nach den « Zauber » deen hannert dem Omakase stécht. Du muss wëssen, engem Chef ze soen, maach wat s de wëll, dat as him en Challenge ze stellen. Du sees mat «Omacase »

  • maach mer en Plat mat den beschten Saachen déi s du à la carte hues
  • maach mer Sushi deen net ob der Kaart as mee deen s du als Chef einfach gäil fënns an der Meenung bass ech soll dat schmaachen

Et ginn Restauranten, déi wierfelen der eppes zesummen wat si à la Carte hunn. Dat as net onbedéngt kreativ, well en domadder probéiert den Ball flaach ze halen. Du kriss zwar fläit déi beschten Saachen déi hien à la Carte huet. Oft as et dat bei deenen Restauranten, wou den Chef net wieklech « sushi Chef » as, an mat Omakase erschoss as. Dann ginn et awer och nach déi Chefs, deenen et dann an den Fanger kribbelt an hier Ziel et as dech ze beandrocken. Fir déi Zort vun Sushi Chefs as Omakase eng grouss Éier, well s du däin Owend an däin Honger an seng Hänn lees.

THE STORY

IMG 1851

Hai eng kléng Story : 2016 war ech mat menger Fra an Holland invitéiert ob eng Hochzäit ob der Plage. Cooool ! Den Dag owes souze mer all am Restaurant, an et huet sech eraus gestallt dass dësen Restaurant « THE » Sushi Restaurant in THE Town as. Leider gouf et just en fäerdegen Menü, wou just 1 Sushi Roll drop war. D’Leit hunn all bestallt an als läscht as den Boris drunn komm.

Ech : « Entschëllegt, kann ech Sushi bestellen w.e.g. ech wéilt gären e puer Fotoen maachen an dat mat menger Sushi Community deelen » .

d’Serveuse : « Natierlech,wat soll et dann sinn ? »

Dir kënnt Iech jo virstellen wéi entsat déi aner waren wéi se héieren hunn dass ech duerft sushi kréien :-) hehe ! Ech sinn jo net esou, meng Frënn hunn mir dierften no kucken beim Sushi iessen ;-) denken dat hätt dier och gemaach ;-)

Ech : »w.e.g. Omakase 42 pièces »

D’Serveuse as hanno nach bei mech komm an mir erkläre dass bei hinnen den Sushi Master als zweeten Chef eng Fra geholl huet. Déi Fra as Islännerin an huet en Jore laang erfahren als Sushi Chef a Japan. Gäil !

Ech kann dir soen, deen Sushi war esou gäil ! Nach eppes, du wäert s mierken, wéi s du wibbeleg gëss, e bëssen esou wéi wann s de als Kand d’Cadeauen ënnert dem Beemchen gesinn hues mee häss misse waarden iirt s du se häss dierfen opmaachen.

Wann däin Plat bis do as, kriss du normalerweis erklärt wat et um Plat esou drop as, du studéiers déi Saach an ëss dech…nee frëss dech duerch déi Onmass vun Sushi duerch an déng Geschmachsnerven sinn psychologesch um Enn well se einfach net méi wëssen wouhin mat sech, esou gäil as den Sushi dann ! Omakase as eng kulinaresch Rees déi derwäert as se ze erliewen.

Dat as « Omakase » ! Probéiert et aus déi nächste Kéier an loosst déch iwwerraschen vum Talent vum Sushi Chef !

Schreift mer gären deng Froen an Remarken an d’Kommentaren :-)

Cheers,

Boris

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login