Inari Sushi sinn frittéierten Tofu Täschen déi een Fëllen kann mat wat een wëll. Hei fann der elo d'Rezept fir den Inari selwer an fir d'Fellung hunn ech am Video geholl :
- Sushi Räis mat Saké, Konbu
- Geméis am Soja Bouillon gekacht
Rezept Inari Sushi
Ingredients :
- 6 Aburaage (Tofu Täschen) op Amazon kafen -> http://amzn.to/2gNKAjX
- 300ml Dashi Stock op Amazon kafen -> http://amzn.to/2gNObif
- 3 EL Zocker
- 2 EL Mirin op Amazon kafen -> http://amzn.to/2udCzrN
- 2 EL Soja Sauce op Amazon kafen -> http://amzn.to/2vo5Sb4
Preparatioun
1. den Bouillon
All d'Ingredient zesummen an den Dëppen maachen an liicht waarmen maachen dann léist den Zocker sech méi séier op.
2. Aburaage (Tofu) preparéieren
Den Tofu aus der Packung huelen, an wann dësen an ganz groussen Stécker eraus kënnt dann 1x an der Mëtt duerch schneiden.
Opassen : an der Packung an vill Uelech drann, dat kann sauerei ginn.
Den Tofu op en Pabeiers Duch leen an gutt auspressen bis den ganzen Uelech eraus as an dann gutt ofdréchnen. Den Tofu dann ganz lues op der geschniddener Säit op maachen esou dass et eng Täsch gëtt.
Den Tofu an kache Waasser (keen Salz) während 5min
Den Tofu eraus huelen an erëm gutt auspressen.
3. Aburraage (Tofu) + Bouillon
Den Bouillon gutt ophëtzen, wann den Bouillon bis kacht, d'Hetzt op 5-6 ofdréinen, den Tofu dran leen an dann ganz während 20min kachen loossen.
Den Tofu eraus huelen, e bëssen ofkillen loossen an op en Pabeier Duch leen an gutt auspressen an dann gutt ofdréchnen.
Tipp : am beschten den Tofu e puer Stonnen leien ze loossen iert een dësen fëllt well den Tofu dann nach e bëssen dréchnen kann soss an en ze vill knätscheg.
4. Fëllung
Den Bord vum Tofu em Stülpen an dann d'Fëllung dran maachen.
Tipp : net an den Frigo maachen well soss den Goût hinüber as, zemools wann der Sushi Räis dran maacht ! an eng Tupperware geet duer an dat hält sech locker während 3 Deeg.