banner-privat1

banner-collectif1

banner-business

banner-contact

Votre Panier

votre panier est vide

Tamagoyaki kënnt der als side dish huelen, an är Bento Box maachen oder als Frühstück zerwéieren.

Wann der an är Eeër Mixture och nach Dashi Stock dobäi maacht, gemaach op Basis vun Konbu an Katsuobushi (Bento Flakes) dann heescht dat Dashimaki Tamago ( maki =  “Roll” an Tamago = Eeër)

Tamagoyaki kann all méiglech kombi vun Goûten hunn mee näischt as besser wéi Dashi am Eeër Mix dran. aDen Dashi mécht dass den Eeër Mix méi uniforme gëtt duerch méi Flëssegkeet wat den Tamagoyaki méi säfteg mécht.

Hai komm der zum Rezept vum Dashi :hei klicken

Material :

Tamagoyaki Pan

Tamagoyaki Ingredients1Ingredient :

  • 3 Eeër
  • 2 El Sesam Ueleg
  • 3 EL Dashi
  • 2 TL réngen Zocker
  • 1 TL Soja Sauce
  • 1 TL Mirin
  • 1/2 TL Salz
  • optioun: 1 EL Saké

 

Preparatioun :

An enger Schossel Mirin, Soja Sauce an Zocker mëschen

 Tamagoyaki 1

An enger anerer Schossel Eeër mëschen mee net ze vill, just gutt opmëschen

Tamagoyaki 2

Seasoning mixture an Eeër mëschen

Tamagoyaki 3

Tamago Pan gutt waarm maachen mat Sésam Ueleg dran. Wann den Ueleg ufänkt ze lafen, dann as d'Temperatur richteg an der Pan.Den Sésam mat engem Pabeier  esou gutt ewéi méiglech ewech huelen.

Tamagoyaki 5

Eng éischt Dosis vun de Tamago an d'Pan maachen esou dass et eng éischt Schicht gëtt vun +/- 2-3 mm

Tamagoyaki 6

Oppassen dass et net ze schnell geet, soss gëtt d'Omelette ze schnell haart an et kritt een se net méi richteg gedréint.d'Omelette virsiichteg zesummen rullen

Tamagoyaki 7

mam Pabeier erëm e bëssen Sesam Ueleg an d'Pan maachen, an dat op allen Säiten vun der Pan, als éischt lenks, dann den Tamago no uewen schieben an dann lenks opch Sesam Ueleg drop maachen. 

 

Tamagoyaki 8

Den Tamago no uewen drécken, Eeër Mëschung erëm an d'Pan ginn an den gerullten Tamago liicht unhiewen esou dass déi flësseg Omelette kann ënnert déi gerullten Tamago kann fléissen.

Tamagoyaki 9

Den Tamago erëm rullen, d'Pan erëm uelegen

Tamagoyaki 10

Erëm eng Schicht Tamago Mixture ...etc an dat ganz widderhuelen

Tamagoyaki 15

Zum Schluss den Tamago mam Verschloss zum Bord vun der Pan drécken, dat mécht den Verschloss.

Tamagoyaki 19

Wann den Tamagoyaki bis fäerdeg as dësen an en Rullmatt arullen, an mat engem Lastik befestegen an ofkillen loossen.

Tamagoyaki 25

Cours de Sushi

Apprenez à faire les Sushi, Maki, California Rolls...en cours privé, en cours collectifs ou en Team Building

Retrouvez toutes les dates <<ici>>

sushi cat

Sushi Iessen zu Lëtzebuerg App

Hei kënnt der ons App eroflueden wou der ons och eng live Kaart, Statistiken an villes méi fannt vun den Sushi Restaurant hei zu Lëtzebuerg.

apple store

google play

Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg"

Loscht emol en aneren Sushi Restaurant ze testen? An onser Facebook Groupe " Sushi Iessen zu Lëtzebuerg" gëss de gewuer wou den beschten Sushi Restaurant as mee och wéi een ze vermeiden as.

-> Sushi iessen zu Lëtzebuerg

nice pic

 

Login

Login